Sie sind hier

Ons Kandidaten aus dem Syrdall

Gemeng Nidderaanwen Liberalix Chamberwalen 2018 Stéphanie Obertin Marco Houwen

Léif Matbierger vun der Gemeng Nidderaanwen,

De 14. Oktober si Landeswalen an et gëllt 60 Leit an d’Chamber ze wielen déi d’Interesse vum Bierger solle vertrieden. Am Zentrum sinn et 21 Kandidaten déi mir an d’Chamber kënne wielen. D’Demokratesch Partei huet mam Premier Xavier Bettel eng ausgeglache Lëscht am Zentrum mat 11 Fraen an 10 Männer. Et si Kandidate mat enger laangjäreger politescher Erfahrung an och jonk Leit déi sech fir de Matbierger asetzen. Leit mat Kompetenzen déi fir d’Zukunft an der Politik wichteg sinn, wéi onse Kandidat Marco Houwen de fir Digitalisatioun steet oder d’Stéphanie Obertin déi a Santésfroen Expert ass an déi Plaz vum Alexandre Krieps, de jo net méi am Syrdall kandidéiert, kéint gutt vertrieden. De Nicolas Wurth vu Sandweiler ass e jonken dynamesche Mann, deen d’Interesse vun der Jugend am Syrdall vertrëtt. Eleng kënnen si an der Chamber awer net vill erreechen an duerfir wier et ganz gutt, einfach d’Lëscht 6 unzekräizen, esou dat d’DP gestäerkt aus de Wale kënnt.                                                            

Conny van der Zande / Präsident vun der Sektioun Nidderaanwen.